D’Leit, déi an de Foyer kommen, ginn all Dag vun eiser forméierter multidisziplinärer Ekipp betreit.
Vun der éischter Renconter u suerge mir dofir, datt all d’Informatioune gesammelt ginn, déi eis hëllefe kënnen, d’betreit Persoun besser ze verstoen: hir alldeeglech Gewunnechten, hire Liewensrhythmus, hir Interêten, hir kulinaresch Virléiften … fir hir esou eng qualitativ héichwäerteg Prestatioun bidden ze kënnen, déi hiren Erwaardungen entsprécht.
An eisen Dagesfoyere betreie mir eeler Persoune vun all Kultur an Nationalitéit, mat psycho-geriatreschen Erkrankungen.
D’Persoun, déi am Foyer betreit gëtt, ass ageschriwwen:
D’Foyere sinn op vun 8:00 bis 17:00 Auer, vu méindes bis freides.
D’Foyeren organiséieren den Transport vun doheem bis an de Foyer, moies tëschent 8:00 an 10:00 Auer, an de Retour owes tëschent 15:30 a 17:00 Auer, jee nom Planning, dee mam Reseau vun der Hëllef an der Fleeg doheem an/oder mat der Famill vum Client/vun der Cliente ofgemaach gouf.
D’Kontinuitéit vun der Fleeg an hir Traçabilitéit gëtt garantéiert, andeems d’gesondheetlech Date vun der betreiter Persoun suergfälteg an all Dag niddergeschriwwe ginn.
D’Registréiere vun all Akt an all medezinescher Informatioun erméiglecht d’Erstelle vun engem kompletten a präzisen Dossier, deen de Lien mécht mam gewielte Reseau vun der Hëllef an der Fleeg.
Chargé de direction vun den Dagesfoyeren
17 Zone Op Zaemer, L-4959 BASCHARAGE | 1 rue du Parc, L-3872 SCHIFFLANGE
Mir betreien de Client a senger ganzer Persoun, mat Läif a Séil, senge Bedierfnisser a Wënsch. Mir orientéieren eis u senge Gewunnechte vun doheem, fir se an de Foyere bäizebehalen, mir passen eis voll a ganz senge Wënsch un. Mir leeë grousse Wäert op de Respekt an d’Nolauschtere vun eise Clienten. D’Wuelwëlle vun de Camille-Ekippen ass fir d’Wuelbefanne vun de Persounen, déi an den Dagesfoyere betreit ginn, vu grousser Bedeitung.
Adjointe de direction vun den Dagesfoyeren
17 Zone Op Zaemer, L-4959 BASCHARAGE | 1 rue du Parc, L-3872 SCHIFFLANGE
Als responsabel Infirmière zanter 2017 bei Camille, üben ech e polyvalenten, erausfuerderenden a leidenschaftleche Beruff aus. Mäin Zil ass et, zum Wuelbefanne vun eise Patienten an eise Mataarbechter bäizedroen, dat mat Vertrauen a Wuelwëllen.
Eng multidisziplinär Ekipp
Sief et Infirmier/Infirmière, Aide-soigant/Aide-soignante, Aide socio-familiale, Educateur/Educatrice oder Auxiliaire de vie – et läit eise Membere vun der Ekipp um Häerz, Iech all Dag an eise Foyeren zur Säit ze stoen.
En Assistenzhond
Den Urkan gouf eis vun der Associatioun Rahna uvertraut, déi Assistenzhënn zu Lëtzebuerg vermëttelt. Seng Presenz an de Foyeren zaubert all eise Residenten e Laachen an d’Gesiicht, well si mat him verschidden Aktivitéite maache kënnen.
Mir stinn Iech zur Verfügung, fir Iech een op Är Bedierfnisser zougeschniddenen Devis opzestellen, sief et fir eng alldeeglech Hëllef, d’Molzechten, de Stot, den Transport … a Situatiounen, wou eng Prise en charge iwwer d’CNS, d’Fleegeversécherung, d’Europäesch Gemeinschaft oder eng aner Privat Versécherung net envisagéiert gëtt.
Infos légales RGPD
Les données personnelles collectées sur ce formulaire sont destinées à Camille, marque de Novelia Senior Services et de Compass Group Luxembourg, qui en est le responsable de traitement. Elles sont utilisées pour traiter votre demande. Les données obligatoires vous sont signalées sur le formulaire par un astérisque. L’accès aux données est strictement limité aux collaborateurs de notre société en charge du traitement de votre demande. Conformément au Règlement européen n°2016/679/UE du 27 avril 2016 sur la protection des données personnelles et à la loi « informatique et libertés » du 6 janvier 1978 modifiée, vous bénéficiez d’un droit d’accès, de rectification, d’effacement, de portabilité et de limitation du traitement des donnés vous concernant. Vous avez également la possibilité de vous opposer au traitement des données vous concernant. Vous pouvez exercer vos droits en contactant le Délégué à la Protection des Données de Compass Group Luxembourg par email à dpofrance@compass.lu ou par courrier à l’adresse suivante : A l’attention du Délégué à la Protection des Données 1-5 rue de l'Innovation L-1896 Kockelscheuer. Pour plus d’informations sur le traitement de vos données personnelles, veuillez consulter notre Politique données personnelles.
De ganzen Dag iwwer gi verschidde Molzechten a Collatioune fir Iech virbereet, an zwar ëmmer ënner Berécksiichtegung vun Äre Gewunnechten a Virléiften.
Am Foyer langweilt een sech ni! Gesellschaftsspiller, manuell Aktivitéiten oder Sortien – entdeckt, wat mir Iech alles ubidden, fir flott Momenter ënnerteneen ze verbréngen.