Aktivitéiten & Animatiounen

Aktivitéiten & Animatiounen

Senioreresidenzen

 

D’Diversitéit vun den Aktivitéiten, déi proposéiert ginn, reflektéiert déi vill verschidde Personalitéiten a Virléifte vun eise Residenten. All Residenz huet seng eegen Dynamik an eis Coordinatrice qualité de vie et sociale passt sech un, fir speziell Erliefnisser ze schafen.

 

Duerch manuell Aktivitéite kënnen eise Residenten hirer Kreativitéit fräie Laf loossen. Dës kreativ Momenter sinn net nëmmen eng Geleeënheet, fir eppes (bäi) ze léieren, mee och fir sech auszetauschen a Kontakter ze knëppen.

 

D’Ausflich, sief et entspanend Trëppeltier oder méi animéiert Excursiounen, sinn d’Geleeënheet, sech kennenzeléieren a Liewenserfarungen op informell Manéier auszetauschen.

 

A verschidde Residenze sinn d’Gesellschaftsspiller héich ugesot, virun allem de Bingo! Laachen an d’Opreegung begleeden all Spill a suerge fir eng frëndlech an ureegend Ambiance.

 

Wat fir eng Aktivitéit och ëmmer, den Austausch an d’Laachen si gemeinsam Elementer vun dëse Momenter. Si droe weesentlech zum Wuelbefanne vun eise Bewunner bäi, andeem si eng waarmhäerzeg Ambiance schafen, an deenen si sech geschat, ënnerstëtzt a matenee verbonne fillen.

Dagesfoyeren

 

An eise Foyere ginn eng Rei vun ureegenden an ofwiesslungsräichen Aktivitéite proposéiert, fir d’Wuelbefanne vun de Mënschen, déi mir betreien, ze fërderen. Dës gemeinsam Momenter droen net nëmmen dozou bäi, d’Monotonie vum Alldag ze duerchbriechen, mee och déi sozial Relatiounen ze stäerken an eng optimal Liewensqualitéit vun all Eenzelnem ze erhalen.

 

D’Gesellschaftsspiller sinn eng beléift Aktivitéit, déi de Konkurrenzgeescht fërderen a gläichzäiteg zur Kooperatioun an zum Austausch ureegen. Dës flott Momenter hëllefen, d’kognitiv Kapazitéiten ze stimuléieren, d’Gediechtnes ze verbesseren an eng geeschteg Aktivitéit ze erhalen. D’Spiller, déi déi verschidde Sënner uspriechen, wéi d’Erkenne vu Geroch, Texturen oder Geräischer, wecken d’Sënner vun de Residenten.

 

Eng weider wichteg Dimensioun vum Liewen am Dagesfoyer sinn d’manuell Aktivitéiten. Duerch kënschtlerescht Schafen, sief et duerch d’Molen, d’Bitzen oder aner Forme vun der kënschtlerescher Expressioun, kënnen d’Bewunner hir Kreativitéit ausdrécken. Dës Aktivitéiten droen dozou bäi, d’Geschécklechkeet ze erhalen, d’Fantasie unzereegen, a suergt fir perséinlech Zefriddenheet.

 

Den Urkan, eisen Assistenzhond, bréngt eng tréischtend Presenz an d’Foyeren. Seng Interaktioune mat de Residentë schafen eng waarmhäerzeg Ambiance, fërderen den Dialog a ginn e Gefill vu Freed.

Wunnstrukturen

 

Am Dag bidden eis dynamesch Ekipp vun Animateuren an Educateuren eng sëlleg an ofwiesslungsräich Atelieren. Wann Dir wëllt, erlieft Dir esou agreabel Momenter mat anere Residenten zesummen, wat eng gutt Integratioun an Äert neit Doheem fërdert.

 

Dës Ateliere ginn am Kader vun de Prescriptioune vun der Fleegeversécherung speziell opgestallt, andeems Är Virléiften, Kapazitéiten a Bedierfnisser an Uecht geholl ginn. Iwwer de spillereschen Aspekt eraus, hëllefen si Är Autonomie ze erhalen: Schaffen un den alldeegleche Gesten, dem Gediechtnes, der Orientéierung an Zäit a Raum, un de soziale Relatiounen.

 

D’Animateuren an d’Educateure kommen an den Deeg no Ärer Admissioun bei Iech, fir Är Bedierfnisser ze evaluéieren an Iech déi fir Iech passend Aktivitéiten ze proposéieren. Eis Ekipp organiséiert och d’ganzt Joer iwwer traditionell Fester (Gebuertsdeeg eemol de Mount, Pappendag, Mammendag an d’Feierlechkeete vum Enn vum Joer…), Ausflich, Thé dansant … wéi och reegelméisseg Treffe mat Kanner aus der Crèche oder de Maison-relaisen.

 

Den Urkan, eisen Assistenzhond, besicht reegelméisseg eis zwou Strukturen, fir duerch seng Interaktioune mat de Residenten eng waarmhäerzeg Ambiance ze schafen. Eise Begleeder op véier Bee bitt emotionalen Trouscht, fërdert d’Sozialiséierung ënnert de Bewunner an dréit dozou bäi, de Stress an d’Einsamkeet ze reduzéieren.

 

L’Amicale de notre Maison de soins et de notre CIPA (Structures) contribuent financièrement mais surtout moralement au bien-être de nos résidents. Les membres s’engagent tout au long de l’année à collecter des fonds pour divertir les résidents.