Restauratioun

Restauratioun

Hëllefen, Fleeg doheem a Senioreresidenzen

Egal wéi al een ass, d’Molzechte bleiwe fir jiddereen e Pleséier!

 

Eise Service Iessen op Rieder erméiglecht all Persoun mat Autonomieverloscht vun der Liwwerung vu gudde Molzechten ze profitéieren. Déi vun eisem Kach an eiser Dieteticienne zesummegestallte Menüe berécksiichtegen déi kulinaresch Traditiounen an eng ausgeglachen Ernärung.

 

Si gi suergfälteg preparéiert, fir Äre Goûten, Äre verschriwwene Regimmen an Ärem Gesondheetszoustand am Alldag gerecht ze ginn. D’Molzechte ginn heem geliwwert an d’Persoune gi vun eisen Ekippen installéiert, fir vun de beschte Konditioune vun enger idealer Molzecht ze profitéieren.

 

Mir hunn e grousse Choix un therapeutescher Ernärung, déi och a verschiddenen Texture proposéiert ginn. Mir bidden de Choix tëschent Entrée oder Zopp, tëschent zwou Proteinquellen, tëschent zwou Geméiszorten an zwee Kuelenhydrater. Als Dessert loosse mir de Choix tëschent dem Dessert vum Dag, engem Jugurt an engem Uebst vun der Saison.

Dagesfoyeren

Molzechten, déi un Är Bedierfnisser ugepasst sinn

 

D’Iwwerwaachung vun de Menüen an den Ernärungssuivi vun de Persounen, déi am Foyer betreit ginn, gi vun eiser Dieteticienne an Zesummenaarbecht mam Reseau vun der Hëllef a Fleeg doheem, dem Hausdokter an der Famill assuréiert.

 

Si hëlt d’Gewunnechten, d’Goûten an de Gesondheetszoustand vun der betreiter Persoun an Uecht.

 

Am Dag ginn eng Collatioun, eng waarm Molzecht an e Snack zerwéiert. D’Restauratioun gëtt an der Struktur zu Schëffleng produzéiert a konform mat den HAACP-Normen un d’Foyere verdeelt.

Wunnstrukture fir eeler Leit

Gutt a sécher iessen

 

An eisen zwou Strukturen zu Schëffleng a Kielen, proposéiere mir en Ernärungsdag, deen aus 3 Molzechten an enger Collatioun besteet. De Kaffi gëtt tëschent 7:00 an 11:00 Auer, jee no den Opstozäite vun de Residenten, zerwéiert. D’Mëttegiesse fänkt géint 12:00 Auer un, d’Collatioun géint 16:00 Auer an d’Owesiessen um 18:00 Auer. Eis Ekippe vun den Educateure proposéieren och therapeutesch Molzechten, mam Zil, eng psychosozial Dynamik ze fërderen an déi eeler Persoun bei der Aktivitéit vum Iessen nei ze evaluéieren.

 

D’Menüe gi vun eiser Dieteticienne zesumme mam Kach zesummegestallt. Si suerge fir eng ausgeglachen Ernärung iwwer d’Woch a ginn och op d’Virléifte vun de Residenten an. Si passen de Menü och entspriechend den Erkrankungen an de verännerten Texturen un. Zweemol de Mount ginn och festlech Molzechte preparéiert, zu engem mat der edukativer Ekipp ofgeschwaten Theema.