FAQ

 

Wëllkomm op eiser FAQ-Säit! Mir hunn hei d’Froen zesummegedroen, déi dacks vun eise Clientë gestallt goufen.

 

Kontaktéiert eis roueg, wann Dir d’Äntwert op Är Fro net fannt, mir hëllefen Iech gär weider.

FAQ

 

Wëllkomm op eiser FAQ-Säit! Mir hunn hei d’Froen zesummegedroen, déi dacks vun eise Clientë gestallt goufen.

 

Kontaktéiert eis roueg, wann Dir d’Äntwert op Är Fro net fannt, mir hëllefen Iech gär weider.

Wat fir eng Restauratiounsoffer proposéiert Camille?

Eis Restauratiounsprestatioune gi speziell erstallt, fir op d’Bedierfnisser vun de Senioren anzegoen. Molzechten doheem, an de Strukturen oder an de Foyeren – alles gëtt suergfälteg preparéiert, fir Äre Goûten, Ärer Regimmer an Ären Ernärungsbesoine gerecht ze ginn.

Wat fir Aktivitéite gi proposéiert?

Sief et an der Senioreresidenz, am Foyer oder an der Struktur, eis Ekippe proposéiere vill verschidden Aktivitéiten, fir Iech de ganzen Dag iwwer ze ënnerhalen!

Wéi kann ech an den Ekippe vu Camille schaffen?

Mir hunn eng Plattform, op där déi aktuell fräi Plaze publizéiert ginn. Dir kënnt Iech do direkt bewerben.

 

Loscht, d’Entreprise an eis Ekippen ze entdecken? Kuckt op eiser Säit “Bei eis schaffen”.

Wat sinn d'Tariffer vun Äre Servicer?

Fir d’Tariffer gewuer ze ginn, maacht wgl. eng Ufro fir en Devis op der Säit vum Service, fir deen Dir Iech interesséiert. Esou kënne mir am beschten op d’Besonneschkeete vun Äre Bedierfnisser agoen.

Firwat soll ech Client vu Camille ginn?

Mir si spezialiséiert an der Hëllef an an der Fleeg vun der Persoun, dat am ganze Lëtzebuerg. Zanter iwwer 20 Joer läit et eis um Häerz, Iech zu all Moment vun Ärem Liewen ze begleeden, sief et temporaire oder permanent.

 

Mir engagéieren eis, Iech am Alldag zur Säit ze stoen, fir Iech ze hëllefen, Är Autonomie ze erhalen oder déi vun engem vun Äre Léifsten, egal a wat fir engem Alter. Mat eisen Ekippen, eise Strukturen an eise Servicer, mobiliséiere mir eis fir Iech Léisungen ze proposéieren, déi Iech entspriechen an Iech dat Wichtegst garantéieren: d’Wuelbefannen an d’Geloossenheet. Mir stellen de Mënsch an de Mëttelpunkt vun eisem Handelen, duerch Nolauschteren an Empathie. Mir garantéieren, all eis Kompetenzen an eis Reaktivitéit anzesetzen, fir Iech eng qualitativ héichwäerteg Fleeg an eng vertrauensvoll Betreiung ze garantéieren.

Wéi kann ech e Commentaire oder eng Bewäertung hannerloossen, nodeems ech ee vun Äre Servicer an Usproch geholl hunn?

Dat ass ganz einfach!

Dir kënnt eis e Retour ginn, andeems Dir eis eng E-Mail op info@camille.lu schéckt oder eis iwwer de Kontaktformulaire kontaktéiert.

Dir kënnt och en Avis op eiser Google-Säit schreiwen, dee mir mat Freed liesen, iwwer dëse Link: Ech gi meng Meenung!