Spezialiséiert
Fleeg

 

Camille ass eng Entreprise mat komplementare Kompetenzen. Mir kënnen op all Är Bedierfnisser agoen an eis hinnen upassen.

 

Eis Ekippe bilde seech stänneg weider, fir Iech Léisunge proposéieren ze kënnen, déi Iech an Ärer Famill den Alldag vereinfachen.

Spezialiséiert Fleeg

 

Camille ass eng Entreprise mat komplementare Kompetenzen. Mir kënnen op all Är Bedierfnisser agoen an eis hinnen upassen.

 

Eis Ekippe bilde seech stänneg weider, fir Iech Léisunge proposéieren ze kënnen, déi Iech an Ärer Famill den Alldag vereinfachen.

Pediatrie

Eist Fleegepersonal huet eng grouss Erfarung an de Pediatrie, wat Camille zu enger Referenz an dësem Beräich mécht.

 

Mir schaffe mat der CHL KannerKlinik zesummen an all eist Fleegepersonal, dat an der Hëllef an an der Fleeg doheem berechtegt ass, ka sech ëm d’Fleeg vun Äre Kanner këmmeren. Mir kënne Kanner vun all Alter, mat all Typ vu Krankheet a fir all Typ vu Prestatioun betreien:

Krankefleeg
  • Verband;
  • Injektiounen;
  • Bluttprouwen;
  • Perfusiounen;
  • Enteral Sondenernärung;
  • Bloskatheter;
Ënnerstëtzung bei den Aktivitéite vum alldeegleche Liewen
  • Toilette;
  • Hëllef beim Un- an Ausdoen;
  • Ernärung;
  • Frësch maachen;
  • Hëllef bei der Mobilisatioun;
Begleedung
  • Individuell Garden;
  • Nuetswaachen;
  • Begleedung beim Transport.

All eis Antenne vun der Hëllef & Fleeg doheem proposéieren eng pediatresch Betreiung. Eis Ekippe sinn esou am ganze Lëtzebuerger Land present, fir sech ëm Är Kanner ze këmmeren. Niewent de Prestatiounen doheem, kënnen eis Ekippen och an d’Crèche oder an d’Schoul kommen, fir Iech eng adequat Betreiung ze proposéieren.

 

Mir assuréieren eng richteg Kontinuitéit an der Fleeg vun Ärem Kand, an zwar ab der Entloossung aus dem Spidol. Camille engagéiert sech, Iech zur Säit ze stoen, fir Iech eng qualitativ héichwäerteg Begleedung ze proposéieren, déi Äre Bedierfnisser entsprécht, vun der Gebuert bis zum Erwuessenenalter.

Palliativ Fleeg

Bei Camille ass eis Betreiungsekipp konform mat de gëllene gesetzleche Bestëmmungen an der palliativer Fleeg forméiert. Dës Formatioune gi vun Omega 90 duerchgefouert, der Referenz an dësem Beräich, an iwwer intern Formateuren, déi berechtegt sinn, d’Formatiounen entspriechend ze halen.

 

D’Fleeg, déi mir ubidden, riicht sech u Mënschen, déi u schwéieren a liewensbedrolechen Erkrankungen, wéi Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, Kriibs, asw. leiden.

soins-palliatifs

Eist Fleegepersonal ass fir Iech do, fir Iech am Alldag ze begleeden; eis preventiv Approche ass drop aus, Äre Liewensconfort ze verbesseren an Iech an Är Famill an de verschiddenen Etappe vum Prozess ze entlaaschten.

 

De Camille-Reseau verfüügt vun enger erfuerener Ekipp, déi d’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter vun eiser Entreprise effikass aus- a weiderbilde kann. Esou kënne mir mat enger professioneller a mënschlecher Approche d’Kontinuitéit vun der Fleeg doheem esou laang wéi néideg garantéieren.